Vidéo "Barriques en chêne luxembourgeois"

by Tom Hynek



Zesumme mat e puer begeeschterte Wënzerbetriber huet de Lëtzebuerger Wënzerverband d’Erausfuerderung ugeholl, fir ausgewielte lëtzebuerger Wäiner a Barriquen auszebauen, déi aus 150 Joer alem Eechenholz aus Lëtzebuerger Bëscher gezëmmert sinn. Dës Fässer ginn an traditionelle, franséischen Tonnellerie gebaut, déi dofir exklusiv Lëtzebuerger Eech benotzen. Technesch a wëssenschaftlech begleet goufen d’Wënzer vum Institut Viti-Vinicole vu Réimech, vum Centre de Recherche Publique Gabriel Lippmann vu Lëtzebuerg a vun der Faculté d‘Oenologie vun der Universitéit vu Bordeaux.